HERZLICH WILLKOMMEN IM FORUM VON ANIMAL HOPE LUXEMBOURG ASBL! Bitte registrieren damit ihr die anderen Beiträge auch lesen könnt!

ForumNewsMitgliederSuchenRegistrierenMember LoginKostenloses Forum!


Neuer Thread ...
More : [1] [2]


ErstellerThema » Beitrag als Abo bestellenThread schließen Thread verschieben Festpinnen Druckansicht Thread löschen

lausel ...
Administrator
..................

...

Status: Offline
Registriert seit: 07.03.2008
Beiträge: 649
Nachricht senden
...   Erstellt am 21.09.2008 - 08:56Zum Seitenanfang Beitrag zitieren Beitrag melden Beitrag verändern Beitrag löschen


Mir hun den Metteg een Mupp, een Rottweiler, aus schlechter Haltung iwerholl, nodeems mir virun 2 Deeg op hien opmierksam gemach ginn sinn.

Den Goliath ( wéi originell fiir een Rotti, mir sichen grad no emgem néien Numm ), ass een Ridd, nach onkastréiert vun 6 Joër, hien weiht 28kg an gesäit furchtbar aus, ass haut an Schank. Hien huet den owend schon eng Blutprouf geholl kritt, an seng Nieren,Liewer an Zockerwerter sinn ok. Elo mussen mir den räischt vun sengen Analysen offwaarden. Am Moment ass hien bei eis an Pflege, wou hien awer nett kann bleiwen well hien nett katzenverdréilech ass. Hien geet muer an eng katzenlos Pflegestell vun eis, déi hien dann oppäppelen an vun däre hien dann an seng néi Famill kann goen. Mee an eisem Muppenrudel hun mir absolut keng Problemer matt him.

Hien gett elo matt spezial Fudder opgepäppelt an mir hoffen dass den gudden Jong keng Pankreas Insuffizienz huet, well soss gett ett richteg déier fiir hien nees op Been ze kréien, mee bon daat kennen mir jo schon, an daat kréien mir och hinn, den Männes ass ett wärt fiir fir hien ze kämpfen.

Den Goliath heescht elo DIEGO











Signatur
Danielle
mat Sammy,Bifi,Bambi,Vicky,Benny,Skrimmy an Farah
Grimmel,Grimms,Fussel,Tiny,Tessy an Carlos

www.animal-hope.org

yoschidog ...



...

Status: Offline
Registriert seit: 21.03.2008
Beiträge: 307
Nachricht senden
...   Erstellt am 21.09.2008 - 20:38Zum Seitenanfang Beitrag zitieren Beitrag melden Beitrag verändern Beitrag löschen


Ech soen just eppes: Deen aarmen Hond.....




bipsbambooo ...
Administrator
..................

...

Status: Offline
Registriert seit: 06.03.2008
Beiträge: 173
Nachricht senden
...   Erstellt am 21.09.2008 - 21:01Zum Seitenanfang Beitrag zitieren Beitrag melden Beitrag verändern Beitrag löschen


Nach eppes zu senger Geschicht:

En ass mat 6 Meint vum 1. Propriétaire bei des Famill hei komm, wou et awer mat Secherheet un den finanziellen Mettelen feelt. En haat well schon als Welpen eng schlecht Experience, well sain Halsband wor him an d'Haut eran gewuess. Dun ass en bei den Vet komm an gouf dun fir d'éischt an wahrscheinlech och fir d'laescht geimpft. D'Leit hun awer och naicht gemach wou den Diego bis ugefaangen huet doenn ze gin. En hat Fléi/ Op méng Fro hin, ob den Muppes flait krank wier, krut ech just d'Aentwert dass en Wierm haett, awer daat war net dran, well en einfach zevill schloemm ausgesait. nuje, no laangem hin an hier hun se dun den Diego hier gin. Lo hoffen mir just dass den Diego naicht schloemmes huet, fir dass en awer wéinstens sain Raescht vum Liewen kann genéissen.

[Dieser Beitrag wurde am 21.09.2008 - 21:03 von bipsbambooo aktualisiert]





Signatur
mfg
Jeanne vun Animal Hope


lausel ...
Administrator
..................

...

Status: Offline
Registriert seit: 07.03.2008
Beiträge: 649
Nachricht senden
...   Erstellt am 23.09.2008 - 17:52Zum Seitenanfang Beitrag zitieren Beitrag melden Beitrag verändern Beitrag löschen


Mir waren geschter mam Diego op Tréier an Klinik an muer ginn mir fiir een Ultraschall.

Hien ass krank, hien ass an enger Hinsicht also nett richteg erhängeren gelooss ginn.

Seng Speiseröhre fonctionnéiert nett méi. Déi ass wéi een Rouer, déi geet nett méi zou. Doduerch ass och emmer wéineg Fudder an säin Mo komm, resp. matt Drechenfudder geet ett iwerhaapt nett. Hien huet sech vun een Sonndeg op een Méindeg méi wéi 30x iwerginn well hien iwert eng ganz Schossel Drechenfudder hiregefall war, déi versehentlech nach bei senger Pflegefamill stoung. Elo mussen mir den Ultraschall offwarden fiir ze wössen op hien nett een Tumor huet, waat eng vun villen Ursachen kann sinn fiir déi Krankheet.

Elo mussen mir hien fiir ziessen an ze drenken opriichten an him dann Nassfudder an Form vun Bréi eranflössen, dass d'Iessen esou durch Speiseröhre an den Mo direkt fällt. Ech wees awer nach nett op daat waat mir him geschter owend ziessen ginn hun am Mo bliwen ass.

Den Diego ass een Schoof, hien huet déi ganz Ennersichung geschter super iwert sech ergoen geloos an daat ouni Maulkuerf, an mir wärten alles machen wann ett méiglech ass fiir eisem "Pluto" ze höllefen, well esou gesäit hien fiir mech aus.





Signatur
Danielle
mat Sammy,Bifi,Bambi,Vicky,Benny,Skrimmy an Farah
Grimmel,Grimms,Fussel,Tiny,Tessy an Carlos

www.animal-hope.org

lausel ...
Administrator
..................

...

Status: Offline
Registriert seit: 07.03.2008
Beiträge: 649
Nachricht senden
...   Erstellt am 25.09.2008 - 19:14Zum Seitenanfang Beitrag zitieren Beitrag melden Beitrag verändern Beitrag löschen


den Diego huet keen Tumor am Bauch, just een an engem Hoden, mee daat ass jo nett schlömm, well déi kommen souwiesou eweg wann hien bessi Gewiicht zougeholl huet. Mam Iessen wann hien sech näischt geklaut huet, klappt och gudd, hien iwergett sech nett. Geschter huet hien 29,20kg gewiihen. Elo gett een nach op Schildrüsenfunktioun ennersicht, waat och een Grond vun senger Krankheet kann sinn.





Signatur
Danielle
mat Sammy,Bifi,Bambi,Vicky,Benny,Skrimmy an Farah
Grimmel,Grimms,Fussel,Tiny,Tessy an Carlos

www.animal-hope.org

lausel ...
Administrator
..................

...

Status: Offline
Registriert seit: 07.03.2008
Beiträge: 649
Nachricht senden
...   Erstellt am 13.10.2008 - 17:39Zum Seitenanfang Beitrag zitieren Beitrag melden Beitrag verändern Beitrag löschen


den Diego wéiht anscheinend schon 37kg





Signatur
Danielle
mat Sammy,Bifi,Bambi,Vicky,Benny,Skrimmy an Farah
Grimmel,Grimms,Fussel,Tiny,Tessy an Carlos

www.animal-hope.org

Caroline ...
Moderatorin
...............

...

Status: Offline
Registriert seit: 06.03.2008
Beiträge: 339
Nachricht senden
...   Erstellt am 14.10.2008 - 10:04Zum Seitenanfang Beitrag zitieren Beitrag melden Beitrag verändern Beitrag löschen


Ma dat ass tiptop!! Gëff dech weider sou gudd drun, Diego!





Signatur
Liebe Grüsse
Caro


lausel ...
Administrator
..................

...

Status: Offline
Registriert seit: 07.03.2008
Beiträge: 649
Nachricht senden
...   Erstellt am 15.10.2008 - 19:36Zum Seitenanfang Beitrag zitieren Beitrag melden Beitrag verändern Beitrag löschen


Héi aktuell Fotoen vum Diego, vun den Metteg









Signatur
Danielle
mat Sammy,Bifi,Bambi,Vicky,Benny,Skrimmy an Farah
Grimmel,Grimms,Fussel,Tiny,Tessy an Carlos

www.animal-hope.org

Caroline ...
Moderatorin
...............

...

Status: Offline
Registriert seit: 06.03.2008
Beiträge: 339
Nachricht senden
...   Erstellt am 16.10.2008 - 12:04Zum Seitenanfang Beitrag zitieren Beitrag melden Beitrag verändern Beitrag löschen


En huet sech wierklech super erkritt.





Signatur
Liebe Grüsse
Caro


fipsemupp ...



...

Status: Offline
Registriert seit: 11.04.2008
Beiträge: 36
Nachricht senden
...   Erstellt am 17.10.2008 - 12:40Zum Seitenanfang Beitrag zitieren Beitrag melden Beitrag verändern Beitrag löschen


Wow, wat ass dat e schéinen Mupp! Mengen do wier et fir mech wann ech Pflegefamill wier scho rem geschit ...





Signatur
Joelle mam Fipsi, Txiqui, Petzi, Feivel a Ketty

More : [1] [2]

Neuer Thread ...

Geburtstagsliste:
Heute hat kein User Geburtstag!
----------------------------------


Zum Chat

Impressum

Dieses Forum ist ein kostenloser Service von razyboard.com powered by:
Geizkragen Preisvergleich. Top-Produkt im Preisvergleich: Philips 42PFL9703D
Wollen Sie auch ein kostenloses Forum in weniger als 2 Minuten? Dann klicken Sie hier!



blank